Confined Talks 1 - eng néi Wirtschafskris?

Dëck mies, et ass Kris ? Episod 1 aus der Série “Talks aus dem Confinement”
Hannert der Pandemie kënnegt sech eng potentiell hefteg Wirtschaftkrise un. Mir diskutéieren an dëser Episod doriwwer, wouran de Problem besteet, wéi eng Léisungen et kéint ginn, an probéieren, dem ganzen eng Perspektiv ze ginn.
An dëser Episod schwätzen ech mam Josy Jacoby, mam Alain Herman an mam Ryan Shepherd.
Wéi ëmmer op speakeasy.lu, op Facebook, Spotify an Itunes.

Trolley Problem revisited - Doctor Problem

 5 Leit, déi doudkrank sinn, an en Organ brauchen…1 Persoun, déi gesond ass, an Organer spenden kéint. Muss den Dokter hei net déi eng Persoun opferen, fir déi aner ze retten? Géift Dir d’Leit stierwen loossen?

An der drëtter a leschter Episod vum „Trolley Problem revisited“ diskutéiere mer den sougenannten Problem „vum Dokter“.
Haut am Gespréich: Den Josy Jacoby an den Romain Schroeder

Trolley Problem revisited - Fat Man

En Tram, deen ausser Kontroll ass, 5 Leit, déi um Gleis ugestréckt sinn, eng Bréck iwwert dem Gleis an ee fette Mann, den vun der Bréck rofkuckt. Musst der hien rofdrécken, fir déi 5 Leit ze retten oder net?An der zweeter Episod vum „Trolley Problem revisited“ diskutéiere mer den sougenannten Problem „vum fette Mann“. Leider huet dës Kéier och net all Mënsch eis Diskussioun iwwerlieft.Haut am Gespréich: Den Josy Jacoby an den Romain Schroeder

Heavy Metal - Deel 07 - Männer am Metal

An eiser grousser Serie iwwer Heavy Metal kucke mer des Kéier, wéi Männer am Metal duergestallt ginn, sief et an Lidder oder Bands. Huet Metal en Problem mat Männer, firwat verkleeden sech verschidden Bands als Fraen oder si mer am Alldag ze Fantasie-los? Dat, an nach villes méi a mengem Gespréich mam Alain Herman an dem Josy Jacoby.

Falls der d’Virgänger-Episod “Woman, be my slave?” nach net gelauschtert hutt: https://soundcloud.com/speakeasylux/heavy-metal-deel-06-woman-be-my-slave

Heavy Metal - Deel 06 - Woman, be my slave?

An eiser grousser Serie iwwer Heavy Metal kucke mer des Kéier, wéi Fraen am Metal duergestallt ginn, sief et an Lidder oder an Bands. Huet Metal en Problem mat Fraen, oder ass alles just harmlos Fantasie?
Diskussiounspartner: Den Alain Herman an den Josy Jacoby

Interview mam Gary Diderich vun Déi Lénk

Firwat mécht een Politik? An wéisou grad bei Déi Lénk? Hunn lénks Ideeën net aus gedéngt? Wei eng Roll spillt Lëtzebuerg an der Welt? Wéi eng Problemer huet Lëtzebuerg? An gehéiert de Batman an de Prisong?
Dat, an nach villes méi, an mengem Gespréich mam Gary Diderich.

Onofhängegkeet vun der Presse?

Kënnen déi traditionell Medien objektiv sinn? Oder neutral? Oder onofhängeg? Hunn se iwwerhaapt nach eng Rolle ze spillen an Zäiten vun fake news, filterbubbles, alternativen Fakten an Post-Wourecht?
Ech hu mer geduecht, déi Froen stellen ech am beschten Vertrieder vun deenen Medien selwer!
Gespréichspartner: Den Christoph Bumb, den Yann Logelin an den Guy Weber.