Tenue correcte exigée?

Däerf een sech an der Schoul undoen, wéi ee wëll? Däerf een seng Perséinlechkeet fräi duerch seng Kleedung ausdrécken? Oder gëtt et Grenzen? A wa jo, firwat? A fir wien? Si mer all gläich, wann et dorëm geet, sech korrekt un ze doen?
E Gespréich vum Thomas Koenig iwwert d’Fro vun der tenue correcte an der Schoul mam Élina Ecker an dem Catherine Freimann.

Confined Talks 1 - eng néi Wirtschafskris?

Dëck mies, et ass Kris ? Episod 1 aus der Série “Talks aus dem Confinement”
Hannert der Pandemie kënnegt sech eng potentiell hefteg Wirtschaftkrise un. Mir diskutéieren an dëser Episod doriwwer, wouran de Problem besteet, wéi eng Léisungen et kéint ginn, an probéieren, dem ganzen eng Perspektiv ze ginn.
An dëser Episod schwätzen ech mam Josy Jacoby, mam Alain Herman an mam Ryan Shepherd.
Wéi ëmmer op speakeasy.lu, op Facebook, Spotify an Itunes.

Trolley Problem revisited - Classic

Pénktlech wei en Tram, eis nei Episod:

En Tram ausser Kontroll, 5 Leit, déi iwwerrannt wäerten ginn op Gleis A, wann der näischt maacht…mee op Gleis B ass 1 Persoun, déi dru gleewen muss, wann der agräift. Wat maacht Der? A firwat?

Mir hunn den lokomotiven Klassiker ënnert den moraleschen Dilemmata revisitéiert, a konnte selbstverständlech net vermeiden, dass verschidde Leit et net iwwerliewen…

Am Gespréich: Den Josy Jacoby an de Romain Schroeder.

Heavy Metal - Deel 07 - Männer am Metal

An eiser grousser Serie iwwer Heavy Metal kucke mer des Kéier, wéi Männer am Metal duergestallt ginn, sief et an Lidder oder Bands. Huet Metal en Problem mat Männer, firwat verkleeden sech verschidden Bands als Fraen oder si mer am Alldag ze Fantasie-los? Dat, an nach villes méi a mengem Gespréich mam Alain Herman an dem Josy Jacoby.

Falls der d’Virgänger-Episod “Woman, be my slave?” nach net gelauschtert hutt: https://soundcloud.com/speakeasylux/heavy-metal-deel-06-woman-be-my-slave

Heavy Metal - Deel 06 - Woman, be my slave?

An eiser grousser Serie iwwer Heavy Metal kucke mer des Kéier, wéi Fraen am Metal duergestallt ginn, sief et an Lidder oder an Bands. Huet Metal en Problem mat Fraen, oder ass alles just harmlos Fantasie?
Diskussiounspartner: Den Alain Herman an den Josy Jacoby

Interview mam Gary Diderich vun Déi Lénk

Firwat mécht een Politik? An wéisou grad bei Déi Lénk? Hunn lénks Ideeën net aus gedéngt? Wei eng Roll spillt Lëtzebuerg an der Welt? Wéi eng Problemer huet Lëtzebuerg? An gehéiert de Batman an de Prisong?
Dat, an nach villes méi, an mengem Gespréich mam Gary Diderich.