Heavy Metal - Deel 03 - The Good, the Bad and the Ugly

Deel 3 vun 5: Heavy Metal ass gutt Musek…kéint ee mengen, an vill Leit mengen dat och. Mee wéisou gëtt et dann esou vill schlechte Metal? Respektiv, muss d‘Iwwerleeung hannert Metal ëmmer Déifgang hunn? Kann et net einfach als en Mëttelfanger un de Recht vun der Welt gesinn ginn?
Diskussiounspartner: Den Alain Herman an den Josy Jacoby

Heavy Metal - Deel 01 - Wat ass Metal?

Wat ass Heavy Metal? Wat bedeit et? Wou kënnt et hier? Firwat ass et verbonnen mat Aggressivitéit, dem Doud oder aneren Trieber? Huet Metal aus gedéngt, oder ass et inhaltlech nach pertinent?
Déi Froen an nach méi diskutéieren 3 Metalheads…pardon, nee, en Dokter an der Sozialpsychologie, en Germanist an en Philosoph.
Am Deel 1/5 ginn mer op d'Fro an, wat Metal dann elo eigentlech fir eis bedeit.
Diskussiounspartner: Den Alain Herman an den Josy Jacoby

Wat maache mer mat der Konscht?

Wat ass Konscht? Wéisou ass et esou schwéier, fir vill Leit, eppes mat moderner Konscht unzefänken? Ass Konscht iwwerhaapt nach “eppes” oder ass mëttlerweil alles Blödsinn? Wéisou Sinn um Bild vun dësem Podcast Schong ze gesinn? Déi Froen, an nach ganz vill anerer, diskutéieren mer an eisem Gespréich mam Patricia Baum.

E Gespreich mam Alain Herman - Deel 3 vun 3

Drëtten an leschten Deel vum Gespreich mam Alain Herman vun der KPL. Des Um Menu des Kéier: Politikverdrossenheet, representativ Regierungen, Geschichtsschreiwung, alternativ Fakten, Medien, Manipulatioun, journalistesch Fräiheet, den George Orwell, Utopien, sozial Deieren an nach villes méi.

E Gespreich mam Alain Herman - Deel 2 vun 3

Wat sinn déi dréngendsten Problemer, déi Lëtzebuerg huet? Wat ass d’Positioun vum Land an der Welt? Wat wären déi éischt Moosnamen, déi den Alain Herman géif huelen, wann hien Premier war? Brauche mer eng Arméi, soll Lëtzebuerg erëm neutral ginn?
Déi Punkten an nach méi sinn d’Thema vum zweeten Deel vu mengem Gespréich mam Alain Herman.

Wei verdroen sech Redefräiheet an Négationismus?

An dëser 36. Episode interesséiere mer eis am Cadre vun der Journée de la Mémoire fir Negationismius, méi spezifesch fir Holocaust-Leugner. Wat ass Negationismius? Wou kennt et hir? Ass et eng Gefor fir d'Demokratie? An selbstverständlech: huet een d'Recht, am Numm vun der Riede-Fräiheet, fir den Holocaust ze leegnen oder net?Diskussiounspartner: Den Marc SCHOENTGEN an den Romain SCHROEDER vum Zentrum fir politesch Bildung