Tyranne - Mord

Eng Bomm, zwee Kanner, een Tyrann an nëmmen eng Chance, fir dat Richtegt ze maachen! Däerf een onschëlleger opferen, fir en Tyrann aus dem Wee ze raumen?

Dës Fro huet den Albert Camus sech an „les Justes“ gestallt, an si berout op enger reeller Gegebenheet aus dem fréien XX. Joerhonnert. A mir hunn eis haut dorunner inspiréiert, fir eis Sträitgespréich.

Dës Kéier hu mer awer d’Rolle getosch, an dem Josy Jacoby den Optrag ginn, fir den Tyranne-Mord z’argumentéieren, an d’Élina Ecker soll dogéint argumentéieren.

Minimalismus - Deel 1

Minimalismus – Méi Fräiheet duerch manner Besetz?

DI Saachen, die eis gehéieren, di besetze mer net, mee eigentlech besetzen si eis. Sou behaapten et op alle Fall verschidden Denker. Minimalismus ass eng Astellung, déi eis d’Liewen vereinfache soll.

Mee wat genee verstoppt sech dohannert, an firwat soll dat iwwerhaapt gutt sinn?

Den Sozialpsycholog Josy Jacoby erkläert Sënn an Zweck vum Minimalismus.

Den Challenge vum August 2020

Duerch den Coronavirus huet een seng Gewunnechten schnell änneren missen, an et ass een nach net wierklech an enger néier Normalitéit ukomm. Fir sech awer net zevill hänken oder goen ze loossen, hu mer eis zu puer erausgefuerdert, an eis en Challenge ginn, dee mer an den nächsten 30 Deeg ëmsetzen wëllen.

E gesonde Geescht an engem gesonde Kierper ass jo eng léif Idee, mee wann een géint eng Pandemie oder den inneren Schweinhund muss u kämpfen, bleift dat oft just eng Idee. Dofir probéiere mer lo, Neel mat Käpp ze maachen!.

Am Gespréich mam Thomas Koenig: Den Josy Apel, d’Élina Ecker, d’Sélina Godfrey, den Josy Jacoby an d’Pascale Worré.

Hitlermord?

E weideren Klassiker ënnert den Dilemmata: Wat wär, wann een den Hitler kéint ermuerden goen, ier hien zum Diktator gëtt a fir Krich an Vëlkermord suergt?
Misst een, dierft een, sollt een hien dann ëmbréngen, obwuel hien nach näischt gemaach huet? Däerf een e Liewen opferen, fir Milliounen anerer ze retten? A firwat? Wär Agräifen Mord, an domat falsch? Oder Net-Agräifen non-assistance à personne en danger?
Am Sträit-Gespréich mam Thomas Koenig: d’Élina Ecker an den Josy Jacoby

Pandemie oder Patient Zero?

Stellt Iech emol fir, déi Welt an där Dir lieft fält enger viraler Pandemie zum Opfer. Mee, clever wéi Dir sidd, hutt der vum Confinement profitéiert, fir Är Zäitmaschinn fäerdeg z’entwéckelen! A lo ass se prett! Do stellt sech jo dann quasi automatesch déi moralesch Fro: Musst Dir net an der Zäit zréck reesen, an den Patient Zero, deen, duerch deen den Virus op de Mënsch iwwer gesprongen ass, deen, duerch deen alles ausgeléist gouf, ëmbréngen? Ee Mënsch opferen, fir e puer 100‘000 aneren d’Liewen ze retten?

Däerf, soll oder muss een ee Mënsch opferen, fir der ganz vill ze retten? Ënnert wéi engen Bedéngungen? Oder firwat net?

E Gespréich mam den Psychologen Max Buchler a Josy Jacoby an dem Philosophinnen-Duo Nora Schleich a Pascale Worré.

Deconfined Talks 7 - Konsequenzen vun der Digitaliséierung

D’Conclusioun vum Gespréich aus Episod 5 an 6: Wat sinn d’Konsequenzen vun der Digitaliséierung? Wat kann een sech op kuerz oder mëttelfristeg Zukunft erwarden? Wat sinn di psychologesch Konsequenzen? Wat wäert di artifiziell Intelligenz fir eng Roll kréien?

Am Gespréich: Den Max Buchler, den Josy Jacoby, de Gilles Retter, den Meris Sehovic an den Ryan Shepherd.

Wéi erliewen mer d'Digitaliséierung?

Am Confinement huet all Mënsch däerfen erliewen, wéi wichteg Digitaliséierung a sengem Alldag ass. Ier mer kucken, op Digitaliséierung e Fluch oder eng Chance ass, a wat déi wichtegsten Konsequenzen dovun eiser Meenung no wäerte sinn, kucke mer als éischt emol, wéi eng Roll d’Digitaliséierung an eisem Alldag hat an den läschte Wochen

Wéi erliewe mer d’Digitaliséierung? – Episod 5 aus den DEconfined talks!

Confined Talk 4 - Confinement a perséinlech Wäerter?

Ass de Confinement dee Moment, wou mer eis op méi Fundamentales besënnen, an iwwert eis Wäerter reflektéieren, iwwer dat, wat wierklech wichteg ass am Liewen? Oder ass dat eppes, wat mer eis zielen, fir eis de Moment méi erdrobar ze maachen?

Wat ass den wichtegsten Wäert? Zwergenwerfen? Wou komme Wäerter hir? Gëtt et objektiv Wäerter? Kann een se vermëttelen? A wat ass dee méi wichtegen Wäert: Den Individuum a seng Fräiheet oder de Kollektiv an hier Solidaritéit? Dat, an villes méi, an engem Gespréich mam Max Buchler, Josy Jacoby, Alain Herman, Gilles Retter a Meris Sehovic.

Confined Talks 2 (an 3?)

Confined talks – Episod 2 (&3?)
Wéi erliewe mer den Confinement ?
Wat sinn d’Konsequenzen vun engem längeren Confinement?
Wéi gi mer domat ëm ?
Dat sinn d’Themen, déi um Programm vun dëser Episod 2 waren. Vu dass d’Gespréich dono an eng ganz aner Richtung awer nach geet (Politik, Wirtschaft, Sënn vum Liewen, etc.), handelt et sech am Fong hei em eng Duebel-Episod.
Am Gespréich mam Thomas Koenig: d‘Laura Bianchi, den Josy Jacoby, den Gilles Retter, den Meris Sehovic an den Ryan Shepherd.