Eng propper Geschicht?

Clean History? Episod 4
Wéi gesäit en gesonden Ëmgang mat der Vergaangenheet ëm? Wéi behandele mer dat, wat mer moralesch verwerflech fannen?
Musse mer d’Geschicht botzen? Oder musse mer eise Bléck op d’Geschicht hannerfroen?
An der Diskussiounsronn mam Thomas Koenig haut: den Jacques Delleré, den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer an d’Catherine Freimann.
Link zu Episod 1:
Speakeasylux – Statuen-ofrappen
Link zu Episod 2:
Speakeasylux – Moralesch-standards
Link zu Episod 3:
Speakeasylux – Memoire
Link zu “Wéi wäit däerf Humor goen?”:
Speakeasylux – Humor-wip

Mémoire?

Clean History? Episod 3
Wéi geet ee mat der Vergaangenheet em? Ween decidéiert, wat gutt war, wat schlecht war, a wat mir fir eis an Usproch huelen? Kann eisen Rapport duerch d’Vergaangenheet duerch d’Geschichtsbicher gebilt ginn, oder wiisst en organesch?
Den Jacques Delleré erkläert eis, wei d’Mémoire entsteet, a wéi e gesonden Ëmgang mat eiser Vergaangenheet ausgesinn kannt. Dono diskutéieren mer an der Gespräichsronn doriwwer.
Am Gespréich mam Thomas Koenig: den Jacques Delleré, den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer an d’Catherine Freimann.

Moralesch Standards?

Clean History? Episod 2
Däerfe mer d’Vergaangenheet mat eise Standards jugéieren? Firwat? Gëtt et iwwerhaapt “den” richtegen moraleschen Standard, un deem een alles bewäerten kéint? Den Thomas Koenig dissertéiert iwwert Sënn an Onsënn an iwwert d’Schwieregkeet, moralesch Uerteeler ze faassen. Dono diskutéieren mer an der Gespräichsronn doriwwer.
Am Gespréich: Den Thomas Koenig, den Jacques Delleré, den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer an d’Catherine Freimann.
Link zu Episod 1:
Speakeasylux – Statuen-ofrappen
Link zu Episod 3:
Speakeasylux – Memoire
Link zu Episod 4:
Speakeasylux – Eng-propper-geschicht
Link zu “Wéi wäit däerf Humor goen?”:
Speakeasylux – Humor-wip

Statuen ofrappen?

Clean History? Episod 1
Statuen ofrappen, well se di falsch Symbolik duerstellen? Dës Fro ass di läscht Zäit ëfters gestallt ginn. Déi eng gesinn doran en noutwennegen Schrëtt no fir, fir di aner ass et Zensur, moralesch Panik oder d’Wäisswäschen vun der Vergaangenheet.
Mee wat stécht wierklech hannert dëser Fro?
Den Chris Pesch huet am Summer 2020 op sengem Blog Pianocktail en Post www.pianocktail.lu/2020/06/27/iwwe…-a-geschichten/ zu dem Thema verfaasst.
Hien erkläert eis haut d’Problematik, an dono diskutéieren mer an der Gespräichsronn doriwwer.

Firwat studéieren?

E Studium kascht Geld, Zäit an Nerven. An gär kann d’Fro opkommen „Soll ech mer dat wierklech undoen?“ Oder „Hätt ech net awer léiwer eppes aneres studéiert?“.

Firwat soll een sech esou eppes undoen? Soll een dat iwwerhaapt?

Déi Froen, an nach vill méi (Stéchwuert Pandemie), diskutéiert den Thomas Koenig mat (mëttlerweil Ex-) Präsident vun der ACEL, dem Sven Bettendorf.

https://soundcloud.com/speakeasylux/firwat-studeieren

An engem aneren Gespréich diskutéieren se, wéi eng Tipps & Tricks den Sven Bettendorf als „ancien“ vum LCE den aktuellen Schüler mat op de Wee ka ginn.

https://soundcloud.com/watderdaeiwel/post-scriptum-2020-acel

Wéi wäit däerf Humor goen?

Wéi wäit däerf Humor goen? Gëtt et Grenzen? Oder soll et der ebe just keng ginn? Musse mer Rücksicht op d’Gefiller vun eise Matmënschen hunn, oder eben net?

Haut behandele mer eng Zuhörer-Fro an der grousser Diskussiounsronn.

Dës Kéier am Gespréich mam Thomas Koenig: Den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer, d’Selina Godfrey an den Rick Strattmann.

Tenue correcte exigée?

Däerf een sech an der Schoul undoen, wéi ee wëll? Däerf een seng Perséinlechkeet fräi duerch seng Kleedung ausdrécken? Oder gëtt et Grenzen? A wa jo, firwat? A fir wien? Si mer all gläich, wann et dorëm geet, sech korrekt un ze doen?
E Gespréich vum Thomas Koenig iwwert d’Fro vun der tenue correcte an der Schoul mam Élina Ecker an dem Catherine Freimann.

Minimalismus Deel 2

Minimalismus – firwat, a wéi?
Am zweeten Deel vum Gespréich diskutéieren ech mam Sozialpsycholog Josy Jacoby, ob Minimalismus iwwerhaapt dat bréngen kann, wat et versprécht an méi ass wéi just en Trend. An de Josy proposéiert praktesch Tipps fir déi, déi sech an d’Richtung vun engem manner materialisteschen Liewen bewegen wëllen.