Ghostbusters - Si Fraen die besser Männer?

Firwat gëtt et ëmmer mei Film-Remakes, an deenen déi männlech Personnagen duerch weiblecher ersat ginn? Zeitgeist? Feminismus? Opportunismus?
Eng Diskussioun zu där Fro, an nach vill aneren Saachen.
Gespréichspartner: Félix Koch
Fier weider Infoe iwwert den Félix oder den Superjhemp-Film: www.feko.net
Dem Félix säin Podcast: www.podcasts.com/living-the-dream…enale-podcast-35

Superjhemp retörns - Interview mam Régisseur

2018 kennt e Film iwwert de Superjhemp, an mir hun den Realisateur am Interview.
Hei as déi kuerz Versioun vum Interview, wou et just em de Film geet.
Et gëtt och d'Directors-Cut-Versioun vum Interview, wou nach ganz vill aaner Sachen ugeschwat gin
Gespréichspartner: Félix Koch
Fier weider Infos iwert den Félix oder den Superjhemp-Film: www.feko.net
Dem Félix säin Podcast: www.podcasts.com/living-the-dream…enale-podcast-35

Superjhemp retörns - Director's Cut

2018 kennt e Film iwwert de Superjhemp, an mir hun den Realisateur am Interview. Hei as déi laang Versioun vum Interview, wou mer iwwert d'Plagen vun der Normandie, südamerikaneschen Kaffi, mais awer och Kachkéis an de Superjhemp schwätzen.
Et gëtt och déi kuerz Versioun vum Interview - just mam Thema Superjhemp-Film.
Gespréichspartner: Félix Koch
Fier weider Infos iwert den Félix oder den Superjhemp-Film: www.feko.net
Dem Félix säin Podcast: www.podcasts.com/living-the-dream…enale-podcast-35

Fleisch ist mein Gemüse

Iessen d'Vegetarier der Nahrung vun den Fleeschfrësser net d'Nahrung ewech? Oder as den Fleeschkonsum iwwerhaapt net mei ze rechtfäerdegen? Wat bedeit dat iwwerhaapt, e Liewen ouni Fleeschkonsum?
Eng Diskussioun mat enger Veganerin iwwert Fier- an Nodeeler vun Vegetarismus an Veganismus.
Diskussiounspartneren haut: d'Pascale & en surprise-guest 

E Besuch am Jurassic Park - (k)eng gudd Idée?

Dinosaurier gett et net mei an der Natur…mais vläit keint een se eng Keier klonen. Dat schengt awer vill Leit ze steieren, well et onnatierlech as.
As dat wierklech e gudden Grond, op engem Rett um T-Rex ze verzichten?
Diskussiounspartner: de Franz