Den leschten Podcast fir 2017 - an den 20. fir den Speakeasy!
En Planéit aus Gold - ni méi schaffen goen! Wou, wei, wat?
Eng Diskussioun doriwwer, wei mer erausfonnt hunn, dass et déi “Äerd aus Gold” gëtt, wou se ass, asw. Oder, méi seriö: Wat kenne mer aus enger Kilonova leieren!
Diskussiounspartner: Den Robert
Wielen goen? Sech fier Politik interesseieren? Biergerpflichten?Wahlprogrammer! Puh…ustrengend! Do muss een jo aus dem Canapé opstoen an d'Gehier anschalten!
Mais et gett Alternativen, z.B. Totalitarismus.
Dofier diskuteieren mer haut, op Nationalsozialismus net besser wär wei eng libéral Démokratie. Fräiheet, Gläichheet a Verantwortung oder Diktatur, Faschismus an Krich? (opgepasst: Sarkasmus!)
Diskussiounspartner: den Jacques