Kommunismus - Ass et dann elo eng Leisung?

Véierten an leschten Deel vun eiser Diskussioun iwwert Kommunismus. Mir diskutéieren déi initial Fro, op Kommunismus dann eng Alternativ fir en politikverdrossenen Bierger ass, deen sech net well missen mat der res publica auserneesetzen.
Diskussiounspartner: Christophe Schmit

Kommunismus - kann et iwwerhaapt fonctionnéieren?

Deel 3 vun eiser Diskussioun iwwert Kommunismus.
Nodeem mer gekuckt hunn, wat d’ Theorie ass an iwwerflunn hunn, wei déi Theorie ëmgesat gouf, widmen mer eis der Fro, op et iwwerhaapt méiglech ass, dat kommunistesch Ideal an d'Praxis ëmzesetzen, oder ob déi Idee onrealistesch ass.
Diskussiounspartner: Christophe Schmit

D’Schëff vum Theseus an den Problem vun der Identitéit

Wat mëscht mech aus? Oder Iech? An wouhier weess ech, dass ech nach ëmmer ech sinn, och wann ech 10 Joer méi aal sinn wei ech virun 10 Joer war? Klengt abstrakt? Ass et och! D'Fro vun der Identitéit ass eng ganz aal, an mir ginn eis emol ukucken, wat dohannert stécht! Schiff ahoi!
Diskussiounspartner: François Wirion

Kilonova! - E Planeit aus Gold

Den leschten Podcast fir 2017 - an den 20. fir den Speakeasy!
En Planéit aus Gold - ni méi schaffen goen! Wou, wei, wat?
Eng Diskussioun doriwwer, wei mer erausfonnt hunn, dass et déi “Äerd aus Gold” gëtt, wou se ass, asw. Oder, méi seriö: Wat kenne mer aus enger Kilonova leieren!
Diskussiounspartner: Den Robert

As Nationalsozialismus eng Alternative?

Wielen goen? Sech fier Politik interesseieren? Biergerpflichten?Wahlprogrammer! Puh…ustrengend! Do muss een jo aus dem Canapé opstoen an d'Gehier anschalten!
Mais et gett Alternativen, z.B. Totalitarismus.
Dofier diskuteieren mer haut, op Nationalsozialismus net besser wär wei eng libéral Démokratie. Fräiheet, Gläichheet a Verantwortung oder Diktatur, Faschismus an Krich? (opgepasst: Sarkasmus!)
Diskussiounspartner: den Jacques

Eng Welt ouni Religioun?

No eisem leschten Podcast iwwert Atheismus, haut eng Reflexioun doriwwer, wei eng Welt ouni Relioun géif ausgesinn. Dobäi diskutéiere mer och, ob dat iwwerhaapt méiglech wär (Relioun gëtt et a ville Formen, souguer ouni Gottheeten dran) oder wënschenswäert.
Vill Spaass beim Lauschteren!

Diskussiounspartner: De Franz